Op den Inhalt sprangen

Installatioun an éischte Start

Vu LuKey Wiki

Op dëser Säit installéiert Dir d'Betaversioun vu LuKey a maacht se prett: Sproocherkennung wielen, Mikro erlaben an d'LuKey-Tastatur dobäisetzen.

1. D'Betaversioun installéieren

LuKey gëtt am Moment iwwer TestFlight verdeelt, d'App vun Apple fir Betaversiounen.

  1. Installéiert d'App TestFlight vun Apple aus dem App Store.
  2. Maacht op Ärem iPhone dëse Link op: testflight.apple.com/join/a61dwnck
  3. Tippt an TestFlight op Annehmen an dann op Installieren (op engem iPhone op Franséisch: Accepter an Installer).
  4. LuKey ass elo um Home-Bildschierm, mat engem klenge orange Punkt nieft dem Numm: dat weist, datt et eng Betaversioun ass.

TestFlight seet Iech Bescheed, wann et eng nei Versioun gëtt.

2. D'Sproocherkennung wielen

Den éischte Bildschierm: Online (LuxASR-API) oder Lokal (LuxASR medium-v1) wielen
Den éischte Bildschierm: Online (LuxASR-API) oder Lokal (LuxASR medium-v1) wielen

Beim éischte Start freet LuKey, wéi Är Stëmm an Text ëmgewandelt gëtt:

  • Online (LuxASR-API) ass virausgewielt. Är Opname ginn u LuxASR op der Universitéit Lëtzebuerg geschéckt. Dat ass déi méi genee Léisung, awer et brauch Internet.
  • Lokal (LuxASR medium-v1): Är Stëmm verléisst Ären iPhone ni. De Modell gëtt eng Kéier erofgelueden (ongeféier 650 MB, benotzt wa méiglech WLAN) an da fir Ären iPhone virbereet.

Tippt op Weider. Dir kënnt dat méi spéit an den Astellungen änneren.

Ier Dir gewielt hutt, gëtt näischt opgeholl a näischt geschéckt.

Méi doriwwer: Online oder Lokal?

3. De Mikro erlaben

Déi éischte Kéier, wou Dir diktéiert, freet den iPhone, ob LuKey de Mikro benotze däerf. Tippt op Erlauben (Autoriser).

Ouni Mikro ka LuKey net diktéieren. Wann Dir ze séier op „Nee“ getippt hutt, kënnt Dir de Mikro méi spéit an den Astellunge vum iPhone erlaben (kuckt hei ënnen).

4. D'LuKey-Tastatur dobäisetzen

An den Astellunge vum iPhone: LuKey › Tastaturen, mat de Schalter „LuKey“ a „Vollen Zugriff erlauben“
An den Astellunge vum iPhone: LuKey › Tastaturen, mat de Schalter „LuKey“ a „Vollen Zugriff erlauben“

Fir an aneren Apps ze diktéieren, braucht Dir d'LuKey-Tastatur:

  1. Maacht d'App Astellungen vum iPhone op (Einstellungen, Réglages).
  2. Gitt op Apps › LuKey › Tastaturen.
  3. Schalt LuKey an.
  4. Schalt och Vollen Zougrëff erlaben an (Vollen Zugriff erlauben, Autoriser l'accès complet) a confirméiert.

Dir kënnt d'Tastatur och iwwer Allgemeng › Tastatur › Tastaturen › Nei Tastatur dobäisetzen dobäisetzen.

D'Bezeechnungen an den Astellunge vum iPhone sinn an der Sprooch vun Ärem iPhone (iOS gëtt et net op Lëtzebuergesch).

Firwat „Vollen Zougrëff“?

iOS léisst Tastaturen de Mikro net benotzen. De vollen Zougrëff erlaabt der Tastatur, d'LuKey-App ze froen, opzehuelen, an den Text ze kréien.

D'Tastatur schéckt ni dat, wat Dir tippt, iergendwouhin. Mat Online freet d'Tastatur och virum Diktéieren de LuxASR-Server, ob en disponibel ass, héchstens eng Kéier pro Minutt an ouni Audio oder Text ze schécken.

5. D'Autorisatiounen iwwerpréiwen

Den Tab Autorisatiounen: de Mikro an d'Tastatur si gréng, de vollen Zougrëff feelt nach
Den Tab Autorisatiounen: de Mikro an d'Tastatur si gréng, de vollen Zougrëff feelt nach

Am Tab Autorisatiounen vun der LuKey-App gesitt Dir, ob alles prett ass:

  • Mikro: LuKey däerf Är Stëmm ophuelen.
  • LuKey-Tastatur: d'Tastatur ass dobäigesat.
  • Vollen Zougrëff erlaben: d'Tastatur ka mat der App schwätzen.

Wann alles gréng ass, ass alles an der Rei. E roude Kräiz weist, wat nach feelt; de Knäppchen Astellungen opmaachen féiert Iech direkt op déi richteg Plaz.

An den Astellunge vum iPhone: d'Säit vu LuKey mat Mikrofon, Tastaturen a Sprooch
An den Astellunge vum iPhone: d'Säit vu LuKey mat Mikrofon, Tastaturen a Sprooch

Op dëser Säit an den Astellunge vum iPhone fannt Dir och de Schalter fir de Mikro.

De vollen Zougrëff kann d'App eréischt gesinn, wann Dir d'LuKey-Tastatur eng Kéier an enger App opgemaach hutt. Bis dohi steet do „Nach net iwwerpréift“.

Wéi geet et weider?