Op den Inhalt sprangen

Diktéieren an der App (Notizen)

Vu LuKey Wiki
Versioun vum 17:04, 13. Nov. 2026 vum Admin (Diskussioun | Kontributiounen) (Import aus content/pages).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)

Am Tab Notizen vun der LuKey-App diktéiert Dir Texter, déi an der App bleiwen. Dir kënnt se duerno änneren, kopéieren oder an eng aner App deelen.

Fir an aneren Apps ze diktéieren (Nachrichten, Mail, …), benotzt Dir d'LuKey-Tastatur.

Eng nei Notiz diktéieren

Den Tab Notizen nach ouni Notizen, mam Knäppchen Diktéieren ënnen
Den Tab Notizen nach ouni Notizen, mam Knäppchen Diktéieren ënnen
  • Tippt ënnen op Diktéieren: LuKey mécht eng nei Notiz a fänkt direkt mat der Opnam un.
  • Oder tippt uewe riets op de Bläistëft (Nei Notiz), fir eng eidel Notiz ze maachen, an duerno op de roude Mikro.

Schwätzt normal a kloer. Dir musst keng Punkten oder Kommae soen: d'Sproocherkennung setzt se selwer.

Wärend der Opnam

Eng Notiz wärend der Opnam: Verwerfen, Paus, Ofschléissen an Transkribéieren
Eng Notiz wärend der Opnam: Verwerfen, Paus, Ofschléissen an Transkribéieren

Ënne gesitt Dir, wéi laang Dir schonn opgeholl hutt, an e Peegel, dee weist, wéi haart Dir schwätzt. Déi orange Markéierung um Peegel ass d'Rou-Schwell (kuckt Automatesch ofschléissen).

Knäppchen Wat e mécht
Verwerfen (✕) Stoppt d'Opnam a verwerft den Audio, deen nach net transkribéiert gouf.
Paus Paus d'Opnam, ouni ze transkribéieren. Tippt op Weidermaachen, fir weider opzehuelen.
Ofschléissen (de grousse roude Knäppchen) Stoppt d'Opnam a setzt d'Transkriptioun an.
Transkribéieren Transkribéiert, wat Dir bis elo gesot hutt, a hëlt weider op.

Transkribéieren ass praktesch fir laang Texter: Dir gesitt den éischten Deel vum Text, wärend Dir weiderschwätzt. Et geet näischt verluer tëscht deenen zwee Deeler.

Wann en Uruff erakënnt, mécht LuKey eng Paus mat der Opnam.

Automatesch ofschléissen

Wann Dir geschwat hutt an duerno e puer Sekonne roueg sidd (standardméisseg 3 Sekonnen), hält d'Opnam vum selwen op a gëtt transkribéiert.

  • Wärend dem Countdown steet um Knäppchen zum Beispill „Ofschléissen an 2,5 s · Ofbriechen“. Tippt drop, fir weider opzehuelen.
  • D'Opnam hält eréischt op, nodeems Dir eng Kéier geschwat hutt. Wann Dir nach net ugefaangen hutt, waart LuKey.
  • Wéi laang LuKey waart a wéi roueg et muss sinn, stellt Dir an den Astellungen an. Mat „Aus“ schléisst Dir ëmmer selwer of.

Wou kënnt den Text hin?

Eng Notiz mat Text, uewe riets d'Knäppercher Deelen a Méi
Eng Notiz mat Text, uewe riets d'Knäppercher Deelen a Méi

Den Text kënnt do eran, wou de Cursor steet. Setzt de Cursor also virun der Opnam dohi, wou dat neit Diktat soll erakommen. LuKey setzt d'Espacen tëscht de Wierder selwer.

Wärend der Transkriptioun weist e Plazhalter (…), wou den Text erakënnt. Dir kënnt an der Tëschenzäit weider schreiwen oder änneren.

Dir kënnt den Text ëmmer mat der Tastatur änneren, wéi an all aner App.

Wann eppes net klappt

Wann en Deel net transkribéiert konnt ginn (zum Beispill ouni Internet mat Online), steet ënnen eng Meldung mat der Ursaach. Den Audio bleift gespäichert, bis Dir entscheet:

  • Nach eng Kéier: nach eng Kéier probéieren, zum Beispill wann Dir nees online sidd.
  • Audio verwerfen: den Audio läschen.

Mat Lokal schéckt LuKey den Audio och dann net un LuxASR, wann eppes net klappt.

Deelen a kopéieren

Uewe riets an der Notiz:

  • Deelen (de Quadrat mam Feil): den Text an eng aner App schécken, zum Beispill Mail oder Nachrichten.
  • Méi (…) › Alles kopéieren: de ganzen Text kopéieren, fir en iergendwou anescht anzesetzen.

Notize sichen

D'Lëscht vun den Notizen mat der Sich uewen
D'Lëscht vun den Notizen mat der Sich uewen

D'Notize stinn an der Lëscht, déi lescht uewen. Déi éischt Zeil vun der Notiz ass hiren Titel.

Fir eng Notiz ze fannen, tippt uewen an d'Feld Diktater sichen a gitt e Wuert an.

Notize läschen

  • Eng Notiz: an der Lëscht no lénks wëschen an op Läschen tippen. Oder laang op d'Notiz drécken a Läschen wielen.
  • Méi Notizen: uewen op Auswielen tippen, d'Notizen auswielen an ënnen op Läschen tippen.

LuKey freet nach eng Kéier no, well dat net réckgängeg gemaach ka ginn.

Notizen exportéieren an importéieren

Zwou Notizen ausgewielt, ënnen d'Knäppercher Exportéieren a Läschen
Zwou Notizen ausgewielt, ënnen d'Knäppercher Exportéieren a Läschen

Dir kënnt Notizen an e Fichier späicheren an duerno nees importéieren, zum Beispill fir se op en neien iPhone matzehuelen oder ier Dir d'App läscht.

Exportéieren

  1. Tippt uewen op Auswielen.
  2. Wielt d'Notizen aus, oder tippt op All auswielen.
  3. Tippt ënnen op Exportéieren.
  4. Wielt, wouhin de Fichier soll: zum Beispill In Dateien sichern (Enregistrer dans Fichiers), Mail oder AirDrop.

De Fichier heescht zum Beispill „LuKey 2026-11-13 09-30.json“ an enthält den Text an den Datum vun all Notiz.

Importéieren

D'Meldung Import fäerdeg: Importéiert Notizen: 5
D'Meldung Import fäerdeg: Importéiert Notizen: 5
  1. Tippt op Notizen importéieren: an den Astellungen ënner Notizen, oder uewen am Auswiel-Modus (de Knäppche mam Feil no ënnen).
  2. Wielt den exportéierte Fichier aus.

LuKey weist, wéi vill Notizen importéiert goufen. Notizen, déi schonn an der App sinn, ginn iwwersprongen: Dir kënnt deeselwechte Fichier also ouni Problem zweemol importéieren. D'Notizen behalen hiren Datum.

Mat Siri oder dem Aktiounsknäppchen

LuKey huet eng Kuerzbefehl-Aktioun Diktat starten: si mécht eng nei Notiz a fänkt mat der Opnam un. Dir kënnt se an der App Kuerzbefehler (Kurzbefehle, Raccourcis) benotzen oder op den Aktiounsknäppchen vun Ärem iPhone leeën.