Op den Inhalt sprangen

LuKey

Vu LuKey Wiki
D'Lëscht vun den Notizen an der LuKey-App
D'Lëscht vun den Notizen an der LuKey-App

LuKey (LUxembourgish KEYboard) ass eng iPhone-App an eng Tastatur, mat där Dir op Lëtzebuergesch diktéiere kënnt: an der App selwer an an all aner App op Ärem iPhone, zum Beispill an Nachrichten, Mail oder WhatsApp.

Dir schwätzt, a LuKey schreift den Text.

Wat ka LuKey?

  • Op Lëtzebuergesch diktéieren, an Notizen an der App oder mat der LuKey-Tastatur an all aner App.
  • Tippen wéi mat enger normaler Tastatur: QWERTZ, QWERTY oder AZERTY, mat all den Accenter vum Lëtzebuergeschen (é, ë, è, ä, …).
  • Zwou Méiglechkeete fir d'Sproocherkennung: Online mat LuxASR vun der Universitéit Lëtzebuerg, oder Lokal direkt op Ärem iPhone, ouni Internet.
  • Notizen diktéieren, änneren, sichen, deelen, exportéieren an importéieren.
  • D'App gëtt et op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.
  • D'App funktionéiert och mat VoiceOver a mat grousser Schrëft.
  • Ouni Kont, ouni Reklamm an ouni Tracking.

Firwat LuKey?

Ech sinn de Gérard Kieffer, Web-Entwéckler mat Fokus op digital Inklusioun an Accessibilitéit.

Ech hu LuKey entwéckelt, fir d'Lëtzebuerger Sprooch fir jidderee méi accessibel ze maachen an eng aner Manéier unzebidden, fir Text anzeginn. Den iPhone kann zwar mat senger agebauter Diktéierfunktioun scho vill Sproochen diktéieren, mee Lëtzebuergesch net.

LuKey kann och Leit mat feinmotoreschen Aschränkungen oder enger Siichtbehënnerung hëllefen, méi einfach Texter op Lëtzebuergesch ze schreiwen. D'App funktionéiert gutt mat Screenreader wéi VoiceOver.

LuxASR

LuKey baséiert op LuxASR, engem Sproocherkennungssystem fir Lëtzebuergesch vun der Universitéit Lëtzebuerg.

  • Mat Online kënnt d'Transkriptioun vum Online-Service LuxASR, entwéckelt op der Universitéit Lëtzebuerg vum Peter Gilles, Léopold Hillah an Nina Hosseini-Kivanani, ënnerstëtzt vun der Chambre des Députés.
  • Mat Lokal benotzt LuKey medium-v1, en oppene lëtzebuergesche Sproocherkennungsmodell vum LuxASR-Projet, ëmgewandelt fir den iPhone.

LuKey benotzt d'LuxASR-API mat der Erlaabnes vum LuxASR-Team.

Méi doriwwer: Online oder Lokal? an op luxasr.uni.lu.

Betaversioun

LuKey ass am Moment als ëffentlech Betaversioun iwwer TestFlight disponibel. Jiddereen, deen en iPhone huet, kann se gratis testen:

Bei der Beta vu LuKey matmaachen

Wéi dat geet, steet op der Säit Installatioun an éischte Start.

Ech wier frou iwwer Äre Feedback, ier ech déi éischt Versioun beim App Store areechen. Wéi Dir Feedback schéckt, steet an de Froen an Äntwerten.

Wat brauch ech?

  • En iPhone mat iOS 17 oder méi nei.
  • Fir Lokal: en iPhone 12 Pro, 13 Pro, 14 oder méi nei, an ongeféier 650 MB fräi Späicherplaz.
  • Fir Online: eng Internetverbindung.

Dateschutz

  • Mat Lokal gëtt Är Stëmm op Ärem iPhone transkribéiert a verléisst en ni.
  • LuKey huet kee Kont, keng Reklamm, keng Statistiken a kee Tracking.
  • Den Internet gëtt just benotzt, fir de lokale Modell erofzelueden, oder wann Dir Online wielt: da ginn Är Opnamen u LuxASR geschéckt, an d'Tastatur iwwerpréift, ob de Service disponibel ass.

D'Detailer stinn an der Dateschutzerklärung (op Englesch).

Hëllef

Kontakt

Wéi Dir e Problem mellt, steet an de Froen an Äntwerten.

Merci

  • D'Sproocherkennungsmodeller gi vum LuxASR-Team op der Universitéit Lëtzebuerg entwéckelt (Peter Gilles, Léopold Hillah an Nina Hosseini-Kivanani), ënnerstëtzt vun der Chambre des Députés. Déi oppe Modeller sinn © Universitéit Lëtzebuerg, ënner der OpenMDW-Lizenz 1.0.
  • De lokale Modell leeft um iPhone mat WhisperKit vun Argmax.